Podcasting Software

 

Hei een Choix un Programmer, déi dier benotzen kennt fir den „Zweefalt“-Podcast ze lauschteren.
Et ginn natierlech méi Media Playeren, RSS-Aggregatoren, Apps, Browseren asw. ewéi hei firgestallt ginn. Ech beschränken mech hei op déi bekanntesten, meescht benotzten oder einfach op Programmer, déi mir selwer immens gutt gefalen.

 

Ech well den Podcast op engem PC oder MAC lauschteren!

An deem Fall gëtt et eng Hällewull un Programmer, déi een fir Podcasting benotzen kann.

  • iTunes: iTunes ass definitiv den populärsten an meescht genotzten Podcatcher an verfügt och iwiTunes[1]wert een grousst Directory vun Podcasts. iTunes ass gratis an gëtt et souwuel fir PC ewéi fir MAC. Niewent Podcasts kann den iTunes natierlech och är komplett Audio-Librairie managen an Video’en ofspillen. Zudeem huet een Zougrëff op den iTunes Store, wou een sech ënnert anerem Musek kann kafen. iTunes ass gratis. Am Blogcast 2 erklären ech, wei een den „Zweefalt“-Podcast am iTunes kann afügen. http://www.itunes.com
  • MediaMonkey: MediaMonkey ass een performanten an gläichzäiteg ressourcefrëndlechenicon_hires[1] MediaPlayer, deen een gratis kann eroflueden. Et kann een sech awer och nach eng Lizenz kafen, fir weider Funktionalitéiten fräizeschalten. D’Podcatching Funktioun ass natierlech an der gratis Versioun mat derbäi. Am Blogcast 1 zielen ech en bëssi méi iwwert MediaMonkey an erklären, wei een den „Zweefalt“-Podcast iwwert MediaMonkey kann abonnéieren. MediaMonkey gëtt et nëmmen fir Windows, net fir MAC OS X. Et gëtt och nach eng App fir Android. http://www.mediamonkey.com/
  • Vermin: Vermin ass een performant Programm dat säin Fokus op Podcasts huet. VarmintLogo[1]Niewent Podcatching ass d’Software och nach een RSS-Feed Aggregator an souguer een Torrent Client. Vermin ass och een praktescht Tool fir Podcasts op een Smartphone ze transferéieren. Natierlech kann Vermin och aner Mediadateien vun ären PC ofspillen. Klengen Nodeel bei Vermin ass dass d’Bedéngung net onbedéngt immens intuitiv ass. http://hillbillysoftware.com/
  • Winamp: Den Winamp ass bal esou al ewéi den Internet selwer an huet an deenen leschten Joeren ëmmer méi un Popularitéit verluer. Trotzdem gëtt en ëmmer nach vill benotzt an verfügt och iwwert eng ganz Rëtsch un Funktiounen. Podcatching gehéiert och dozou, wat Winamp also och zu enger winamppotenzieller Alternative mécht, wann een Podcasts lauschteren well. Leider ass Winamp mëttlerweil schonn éiweg net méi aktualiséiert ginn (den Besëtzer huet puer Mol gewiesselt) an um offiziellen Site gëtt momentan vun nëmmen engem neien Release „iergendwann“ am Joer 2016 geschwat. Et kann een awer
    weiderhin deen leschten Release benotzen: Versioun 5.666 déi een hei downloaden kann. Winamp gëtt et an där Versioun nëmmen fir Windows, mam neien Release soll och MAC OS X supportéiert ginn. Vue dass d’Zukunft vum Winamp relativ ongewëss ass, hunn ech nach keen Tutorial geschriwwen, ewéi een Podcasts am Winamp bäisetzt. Dier fannt awer bei wikihow eng Erklärung op Englesch. http://www.winamp.com

 

Ech well den Podcast op engem Smartphone lauschteren!

Fir Smartphones ginn et och enorm vill Podcasting Apps. Hei een klengen Choix:

  • Overcast: Eng vun deenen méi bekannten Podcast-Apps mécht Reklamm mam Sproch: „a powerful yet simple podcast player“ – an genee esou ass et och. Overcast gëtt et leider nëmmen fir iOS, funktionéiert dofir awer souguer op der Apple Watch. Den Programm ass gratis an ganz liit ze benotzen. Een Accountovercast_logo[1] ass néideg, mat deem gëtt dann d’Smartphone an d’Overcast Cloud synchroniséiert. Domadder ass zum Beispill den Progress op all Gerät, wou een Overcast drop benotzt, selwecht. Dëst bedeit dass een op engem Gerät unfängt mat lauschteren an een op engem aneren Gerät genee do weidermaachen kann, wou een opgehal huet. Den Overcast Internetsite offréiert och Playback am Browser vun deenen Podcasts, déi een am Overcast abonnéiert huet. https://overcast.fm

iphone-app

 

 

  • Podcast Republic: Podcast Republic ass een perséinlechen Favorit vun mir fir Podcasts op engem podcast republicAndroid-Gerät ze lauschteren. D’App ass kannerliicht ze benotzen an vun der Optik hier ewéi Google Music an aner nativ Android-App’en opgebaut. Se ass gratis an verfügt iwwert een grousst Directory an souguer engem extra „Car Mode“, deen d’Bedingung am Auto erliichtert. Och eng Synchronisatioun tëschent verschiddenen Geräter ass méiglech.

android-app-sm

 

 

  • Apple Podcasts: iOS Geräter kommen och schonn mat engem Podcast-Player „on board“. Apple Podcasts erënnert optesch un iTunes an Apple Music an ass eigentlech ganz simpel ze benotzen, huet dofir awer och keng iwwerraagend Funktionalitéiten. Dofir brauch een awer och net eng extra App erofzelueden an ween einfach just een Podcast ofspillen well ass domadder ganz gutt bedéngt.
  • Pocket Casts:  Pockets Casts gëllt als eng vun deenen beschten Podcast-App iwwerhaapt, ass allerdéngs och net gratis. Fir 2,99€ kréien Smartphone-User eng App déi sech ganz gutt an d’Betribssystem
    afügt, vill Funktionalitéiten bidd an och Zougrëff op een grousst Directory huet. pcapplogo[1]Pocket Casts gëtt et niewent Android an iOS och fir Windows Phone an op hirem Site gëtt et och een Webplayer. Interessant ass och dass Pocket Casts een Widget fir den Späerbildschierm unbidd. http://www.shiftyjelly.com/pocketcasts

iphone-app

android-app-sm

Windows-Store

 

 

 

Ech well guer keen Programm mussen eroflueden/benotzen!

An deem Fall bleift nach ennert aanerem

  • ären Internetbrowser (Google Chrome, Safari, Internet Explorer, Edge, Firefox…) : einfach den „Zweefalt“-Site unsurfen (dat ass deen Site op deem dier Iech grad befannt) an den Webplayer benotzen. Einfach ënnert dem Menüpunkt „Zweefalt-Podcast“ (uewen am Header vum Site)  deen gewënschten Episode auswielen an op Play klicken.
  • feedly: Feedly-dominates-post-Google-Reader-world1[1]feedly ass een Internetsite, méi genee een sougenannten RSS Aggregator, an deem een optesch relativ simpel mee uspriechend seng RSS-Feeds kann managen. (eng Umellung ass noutwenneg!)
    Den Podcast ass och een Feed, deen een dann einfach mam Direktlink am feedly kann späicheren. Dann kann een vum feedly Site aus via den Internetbrowser den Podcast lauschteren. Vum Prinzip hier also eigentlech dat selwecht, ewéi den Podcast direkt hei um Site ze lauschteren, ausser dass et eventuell méi iwwersiichtlech presentéiert ass. Avantagéis gëtt et, wann een méi Podcasts (oder aaner RSS-Feeds) abonnéiert, well een se dann alleguerten op engem eenzegen Site verwalten kann. Fir feedly ginn et och Apps fir Android an iOS. https://feedly.com/