Podcasting-FAQ

Wat ass een Podcast?

Ënnert engem Podcast versteet een d’Produzéieren an d’Publizéieren vun Audiodateien (heiansdo och Videodateien) an engem speziellen Format iwwert den Internet. Dëst kann réng Musek sinn, oft awer och Talkshows, Comedy asw. Et kann een also soen een Podcast ass eng Online-Radioshow, déi net live ass an déi een „on demand“, also wéini een well, lauschteren kann.
Podcasting funktionéiert op praktesch allen üblechen MP3-Playeren, souwuel op Hardware-Playeren ewéi den iPod (vun deem och den Numm „Podcasting“ derivéiert gouf) an op PC-Software ewéi MediaMonkey, iTunes asw. respektiv op App’en fir den Smartphone ewéi zum Beispill Podbean oder Overcast.

Wei lauschteren ech een Podcast?

Normalerweis abonnéiert een sech een Podcast an sengem Player. Dat mécht een, an deem een den RSS-Feed vum Podcast an seng Podcasting-Software kopéiert. Den RSS-Feed ass also quasi d’Adress vum Podcast. D’Software (den „Podcatcher“) suergt dann dofir, dass nei Episoden vun engem Podcast automatesch an aktuell op den PC, Smartphone oder MP3-Player erofgelueden ginn – esou ewéi een bei engem Zeitungsabonnement och ëmmer déi neisten Zeitung automatesch heemgeschéckt kritt. Een Podcast abonnéieren ass gratis.

Wat brauch ech elo genee fir een Podcast lauschteren ze kennen?

Do ginn et méi Méiglechkeeten:

Well een op engem PC den Podcast lauschteren, dann brauch een niewent engem Internetuschloss just nach eng Podcatching-Software, mat där een den Podcast abonnéiert. All Kéiers wann den Computer online geet, kuckt en no, op neien Contenu do ass an wann jo, dann lued hien deen neisten Episode erof. Déi meescht Playeren ewéi z.B. den iTunes hunn eng Podcast-Funktioun, mat där een en Podcast net nëmmen abonnéieren/catchen mee och direkt ofspillen an archivéieren kann.

Well een en Podcast op CD oder ob engem USB-Stick lauschteren (z.B. fir am Auto), dann muss een en um PC mat enger Podcasting-Software eroflueden an dann vum Computer aus op d’CD brennen (z.B. via iTunes) resp. d’MP3-Fichieren op den USB-Stick lueden. Dat selwecht gëllt och, wann een den Podcast well op een MP3-Player opspillen, deen selwer keng Podcatching-Funktioun huet.

Wann een well Podcasting op engem Smartphone maan, dann kann een entweder och wei beim USB-Stick den Podcast vum PC aus op d’Smartphone opspillen oder et lued een en mat enger Podcasting-App ewéi z.b. Overcast direkt aus dem Internet op d’Smartphone. Och do kann d’App dofir suergen, dass den Podcast automatesch aktualiséiert an erofgelueden gëtt soubal d’Smartphone online ass.

Eng weider Méiglechkeet ass den Podcast hei um Site ze lauschteren. Einfach den Episode auswielen an op Play drécken.

Wei abonnéieren ech dann elo den „Zweefalt“ Podcast?

Einfach den Link aus der „Podcast abonnéieren“ Box riets markéieren an kopéieren an en duerno am Podcatcher afügen.

Wou genee soll ech deen Link afügen?

An all Podcatcher-Software misst et een Menüpunkt ginn, wou een en RSS-Feed kann uginn.
Am iTunes, deen déi meescht benotzten Podcatching-Software ass, fënnt een ënnert „Erweitert: Podcast abonnieren“ een Feld „URL“, an dat een den Link dann kopéieren muss.