Blogcast 2: iTunes

iTunes gëtt definitiv enorm vill benotzt mee vill Léit kennen sech trotzdem net gutt mam Programm aus. Vill Léit mengen zum Beispill, dass een nëmmen déi Podcasts am iTunes kann lauschteren, déi an hirem Podcast Directory ze fannen sinn.
Dobäi ass et kannerliicht, een Podcast am iTunes bäizesetzen. 

Déi folgend Erklärung ass an engem iTunes ënner Windows 10 gemaach ginn. Optesch kann dëst ënnert anerem fir MAC-User anescht sinn. Je nodeem wei eng Sprooch um Computer agestallt ass, änneren natierlech déi verschidden Terminologien.

  • Dréckt d’ALT-Taste an dann klickt op „File“ an dann „Subscribe to Podcast“
    itunes
  • An der folgender Fënster brauch een just an d’Feld „URL“ den Direktlink zum Podcast-Feed (hei um Site riets an der Box „Podcast abonnéieren“ ze fannen) anzeschreiwen respektiv eranzekopéieren an dann op OK ze klicken.
  • An daat woor et dann och schonn. Ab elo fënnt een den „Zweefalt“-Podcast ënnert dem Podcast-Symbol am iTunes erëm an et kann een en vun do aus ofspillen. Capture
  • Des Prozedur funktionéiert natierlech och fir aner Podcasts – déi benotzen allerdéngs hiren eegenen RSS-Feed / Direktlink, deen een dann an den iTunes erankopéieren muss.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.