Blogcast 1: MediaMonkey

Sinn mer éierlech: iTunes ass (leider?) nach ëmmer den Platzhirsch, wann et em Podcasts geet. Dëst ass natierlech zu engem groussen Deel historesch bedéngt: Dank Apple an dem iPod sinn Podcasts iwwerhaapt zu deem gin sinn wat se haut sinn. Och ass Mac OS X an deenen leschten Joeren – och ënnert anerem dank dem iPhone – ëmmer méi populär ginn an sou hunn Mac Computeren bei villen Léit doheem den Windows Rechner ersat. An natierlech ass op deenen Maschinnen den iTunes fiirinstalléiert.

Trotzdem ginn et genuch Léit, déi immens onzefridden mam iTunes sinn … dëst aus verschiddensten Grënn. Ech selwer benotzen en privat och net (dofir ëmsou méi op der Aarbecht, alt erëm dank dem iPhone …) an vill Léit froen mech dann ëmmer mol erëm, wat dann mäin préferéierten Mediaplayer wier. 

An genee esou vill Léit sinn dann iwwerrascht, wann ech net mat engem aneren populären Numm ewéi WinampTomahawkFoobar2000 oder souguer dem Windows Media Player (hahaha) kommen … nee, mäin Favourite ass MediaMonkey.

Déi Léit, déi MediaMonkey opmannst vum Héieren Soen kennen, wëssen dass den Programm net besonnesch „sexy“ eriwwer kennt, wat vläit och dozou bäidréit, dass d’Software net déi bekanntesten ass.icon_hires[1]

Mier par contre gefält d’Software esou gutt, dass ech se esouguer fiirun Joeren kaf hunn!

MediaMonkey ass – wei déi meescht Mediaplayer – gratis. Et kann een sech allerdéngs eng sougenannten „Gold“ Lizenz kafen, déi nach weider Funktionalitéiten fräischalt. Den aktuellen Präis fir esou eng Lizenz ass em déi 25 US-Dollar mee d’Lizenz ass eng liewenslaang. Et bezilt een also eemol an et bleift een fir ëmmer Gold an et huet een fir ëmmer vollen Zougrëff op all Features.

An Features huet den Programm méi ewéi genuch! Natierlech spillt MediaMonkey eng Hellewull un Audio- an Videoformater of (woubäi ech d’Software fir Video’en absolut guer net benotzen, do huelen ech ëmmer nach VLC), ass een Podcatcher, huet DJ- an Jukebox-Modi, een Tag-Editor, Sharing Méiglechkeeten asw.

Mee mam Gold geet et réischt richteg fiirun! Den integréierten CD/DVD/Blu-Ray Brenner kritt een Speedboost an et kritt een Zougreff op déi Saachen, déi fir mech MediaMonkey réischt richteg flott maan: een automateschen Library Organizer, deen een als Background-Process lafen loossen kann, illimitéiert MP3-Encoding, Auto-Playleschten, On-the-Fly A/V Conversatioun beim Syncen, DLNA Support, Volume Leveling, een Sleep-Timer, Multi-Threading Support beim Konvertéieren an customizable Collections!

extensionsIwwerhaapt ass d’Wuert Customizable beim MediaMonkey keen onwichtegt. (während et bei iTunes inexistent ass) Den Programm ënnerstëtzt eng Hellewull Plug-Ins (sougenannten Extensions) mat deem sech den Fonktiounsemfang erweideren léisst. Sou hunn ech z.B. den Scrobbler fir last.fm am MediaMonkey konfiguréiert.

Mat der gratis Versioun ass een méi wei gutt beroden an dat bescht ass, dass den Programm bei wäitem méi ressourcefrëndlech an méi stabil ass ewéi den iTunes. Et huet een natierlech och Access op Internet Radio an Podcast Directories (Icecast, NPR asw.) an et kann een natierlech och selwer Podcast RSS-Feeds afügen. Wien also MediaMonkey eng Kéier testen well, deen kann jo direkt domadder ufänken, den „Zweefalt“-Podcast iwwert den MediaMonkey ze abonnéieren.

Dëst geet kannerliicht:

  • fir d’éischt kopéiert der hei um „Zweefalt“-Site den Direktlink aus der „Podcast abonnéieren“-Boite riets. (einfach riets-klick op Direktlink an dann „copy link address“ / „copy link location“ / „wat och ëmmer ären Browser schreift“)
  • maat den MediaMonkey op an klickt am Menu lenks op Podcast
    podcast
  • maat een Riets-Klick op Subscriptions an klickt dann op „Subscribe to new Podcast“
    subscribe
  • vue dass der den Link jo kopéiert hutt, fügt MediaMonkey en vun ganz alleng an, ouni dass een fir d’éischt misst Paste drécken… it’s Magic!! 😉MediaMonkey
  • Et brauch een just nach op OK ze klicken an gutt ass et. Et kéint een lo natierlech do nach een ganzen Koup un Parameteren an Optiounen em- an astellen … wann een dann well.

Ween also en bëssi méi vun sengem MediaPlayer well, ewéi „just“ Audiodateien ofspillen, deen kann sech MediaMonkey roueg mol als Alternative zum iTunes ukucken. Och den MediaMonkey ënnerstëtzt eng Synchro mat iOS Geräter (also iPod, iPhone an iPad) an kann souguer wireless mat Android an Windows 8 tablets synchroniséieren iwwert MediaMonkey App. Besëtzer vun iPhones hunn also keng Excuse fir bei iTunes bleiwen ze mussen 🙂

Disclaimer: ech stinn an kenger Relatioun mat MediaMonkey an der Firma Ventis Media an sinn och net bezuelt oder soss iergendwéi ugereegt ginn, dësen Blogpost ze schreiwen. Dëst ass keng Reklamm!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.